Home

Wëllkomm


Mir heeschen Eech häerzlech wëllkomm an der "Villa Millermoaler".

> Weider Informatiounen



Aktuell News



Schoul in Concert

19/05/2017
No dem groussen Erfollig vun deenen beiden vergangenen Joëren freeën mer eis, Eech matdeelen ze derfen datt och dëst Joër erëm d'Kanner, d'Educateuren an d'Léierpersonal fläissig geübt hun fir Eech live Musik op der Bühn ze presentéieren.

Dëst Joër stinn virun allem aktuell a modern Lidder aus der Kategorie Pop/Rock um Programm.

D'Opféierung fënnt Freides, deen 19ten Mee 2017 um 18.30 am Festsall vun der Grondschoul Reenert statt. D'Dieren ginn fir de Public géint 18.00 op a fir Iessen a Gedrénks ass natirlich wéi ëmmer bestens gesoargt.

Ticket'en kënnt der beim Portier aus der Grondschoul 'Villa Millermoaler' ënnert folgender Numer reservéieren: 95 83 70 - 49.
Kanner: Virverkaf - 2€ / Oweskees - 3 €
Erwuessener: Virverkaf - 5€ / Oweskees - 7 €

Den Erléiss vum Schoul in Concert 2017 geet un de Projet 'Classe verte'.

An der Hoffnung Eech zoalräich op dësen Owend ze begréissen, verbleiwe mer mat frëndliche Gréiss.
Schoul Villa Millermoaler

Generalversammlung APEEF & Konferenz " Agressiounen, Sträit a Gewalt am Ëmfeld vun eise Kanner"

27/10/2016

jeudi, 27.10.16

                           19:00 *Generalversammlung APEEF* 
                                     
 (association des parents d'élèves des écoles 
                                        fondamentales de Wiltz)

                           20:00 Conférence

                                     Agressions, disputes et violence autour de nos enfants       
                                    Intervenant: Fari Khabirpour, Psychologue, Psychothérapeute                   


Ciné- Prabbeli
8, rue de la Montagne
Wiltz


Organisation: 
APEEP, Ecoles Reenert, Villa Millermoaler, Villa Mirabella

Schoulfest Villa Millermoaler

09/07/2016
Heimatter invitéieren mir jiddereen Samsdes, deen 09 Juli 2016 vun 11.00 un an der Villa Millermoaler um Schoulfest 2016 deelzeholen. D'Schoulfest steet dëst Joër ënnert dem Moto 'Ronderem d'Welt', mat villen verschiddenen Atelier'en wou d'Kreativitéit an d'Bewegung am Virdergrond stinn. Mir hoffen Eech zoalräich kënnen ze begréissen.

D'Equipe aus der Villa Millermoaler

Fussball a Völkerballsmatch

01/06/2016
Fußball a Völkerballsmatch vun de Kanner aus dem Cycle 4.2 géint d'Educateuren an d'Enseignanten aus den 3 Schoulen a Maison Relaisen. 

Lass geet ët ëm 16.30 Auer an der Sportshall vun der Villa Millermoaler.

Reegelen a Limiten am Alldag mat eise Kanner

12/11/2015
Déi 3 weeltzer Grondschoulen invitéieren op ee gemeinsame Konferenz an Diskussiounsowend an Zesummenaarbécht mat der Eltreschoul Janusz Korczak, 
Donnesdes, den 12. November 2015 ëm 19.30 Auer am Prabbeli zu Woltz.

Eischt Viregt Nächst Lescht